Entschlackend Muertenerisotto mat Detox-Mix-Sprësselen
Zu dësem Rezept gouf ech vum Sebastian Copien an Niko Rittenau (Vegan Klischee adee – das Kochbuch) inspiréiert. Ech fannen, d'Kombinatioun mat engem grousse Bierg Detox-Mix-Sprossen ronnt d'Risottorezept nach wonnerbar of.
Ausserdeem hutt dir esou erëm aktiv Enzyme an déi opbauend Kraaft vun de Sprossen um Teller. Dat gëtt Kraaft a schenkt dem Kierper Liewensenergie J.
Zutaten:
- Sprossen (hei: Detox-Mix)
- 3- 4 Muerten
- 1 Knuewelekszéif
- 1 EL Sesammus
- Jus vun ½ Zitroun
- eppes Zitrounenriwwel
- Frësch Kraider, am beschten Thymian, Rosmarin
Esou geet et:
- Knuewelek a Muerte wäschen a kleng raspelen
- am Dëppe mat e bësse Waasser andünsten
- Kraider fein gehackt derbäiginn
- 3- 5 min kache loossen, bis d'Muert bissfest ass
- vum Kachplack huelen, frësche Zitrounejus a Sesammus (Tahin) derbäiginn, verréieren
- op engem Teller d'Sprossen zu engem Nascht/ Krees leeën an de Muerterisotto an d'Mëtt platzéieren.
- mat e puer eenzele Sprossen dekoréieren an zerwéieren
Tipp:
Fir eng nach méi crémeg Konsistenz kënnen Rahm/ Hafer cuisine/ Kokosnossmëllech oder och Hiefeflocken zousätzlech derbäiginn. Evtl eppes manner Waasser notzen, fir datt et net ze flësseg gëtt.