Direkt bei den Inhalt

Batterstoffer

Bitterstoffe sinn onverzichtbar fir eng optimal Gesondheet. Si stiimuléieren d'Verdauungsorganer, vum Mo iwwer d'Liewer an d'Gall bis hin zum Daarm. Ausserdeem hëllefen d'Bitterstoffer, déi bekannte Heisshongerattacken op Séissegkeeten ze reduzéieren. Bitterstoffer goufen aus eiser moderner Ernierung bal komplett erausgeholl respektiv aus dem Geméis erausgeziicht. Dat ass schued, well mir se batter néideg hunn, fir gesond ze sinn.

Fir eng optimal Verdauungskette mat all hiren ënnerschiddlechen Ufuerderungen (z. B. verschidde pH-Wäerter) brauch een ënner anerem Bitterstoffer. Dës stiimuléieren d'Aarbecht vun den Ausscheedungs- a Filterorganer, wéi z. B. eis Liewer an d'Gall. Wann dës Botzorganer gutt funktionéieren, ass d'Basis fir Gesondheet geluecht. Ass dat net de Fall, sou huelen chronesch Beschwerden an Erkr an kungen liicht iwwerhand.

Wann Äre Kierper mat allem versuergt gëtt, wat e wierklech brauch, wäert Dir mierken, wéi vill manner Appetit Dir op industriell Séissegkeeten hutt. Domat ënnerstëtzen d'Bitterstoffer dacks op ganz natierlech Aart a Weis d'Ofhuelen an d'Erreeche vun Ärem Wonschgewiicht.

Gitt de Bitterstoffer eng Chance! Dir wäert déi nei Vitalitéit spieren a gesinn!

vun Theresa BerlesDuerch dës Aspekter sinn Bitterstoffer e beléifte Klassiker fir gesond Ofhuelen an d'Erreeche vun der Strandfigur.

Back to top