Direkt bei den Inhalt

Eisen

Stäerkt Äre Kierper mat Eisen - de Schlëssel zu Vitalitéit an Energie!

Eisen ass enorm wichteg fir är Bluttbildung an domat de ganze Stoffwiessel.
Et gëtt vum Kierper besser opgeholl, wann et a Verbindung mat Proteinnen a Vitamin C ageholl gëtt. Esou kënnt et an der Natur ganz automatesch och schonn vir, wéi an deene hei virgeschloene Sprossen. Zousätzlech erhéicht d'Keimen u sech d'Resorptiounsfäegkeet vun Eisen. Domat sinn Sprossen a Keimlingen gläich duebel hëllefräich, fir den Eisenbedarf ze decken. 70% vum Gesamtkierpereisen ass am Hämoglobin (roure Bluttfaarwstoff) enthaleen. En aneren Undeel fënnt sech am Myoglobin (verantwortlech fir Sauerstofftransport am Muskelgeweebe). Eisen ass domat en wichtege Ausgangsstoff fir d'Bluttbildung.

Zousätzlech zum Keimvirgang erhéicht d'Annam vu schwefelhaltegem Geméis d'Opnam vun Eisen aus der Nahrung. Schwefel fënnt sech z.B. an Lauchsprossen.
Gehemmt gëtt d'Opnam vun Eisen duerch de Konsum vun Ee- a Mëllechprodukter, souwéi gläichzäiteger Annam vu Basepulver (Natriumbikarbonat, Natron) a Kalziumpräparater. Opgepasst also gären op d'Iessenskombinatioun, wann Dir ären Eisenspigel opfëlle wëllt.


Quellen:
„Vegan Klischee ade – Das Kochbuch“ Niko Rittenau, Sebastian Copien, 2020
„Bio-logische Präparate für die Diagnose und Therapie in der AK-Praxis“ Wolfgang Gerz, 2002

Back to top