Zénk
Zénk ass e zentralt Spuerelement am mënschleche Kierper. Et ass u méi wéi 100 enzymatesche Reaktiounen bedeelegt a wichteg ënner anerem fir en intakt Immunsystem, Woundheelen, e rengt Hautbild, den Insulinstoffwiessel an ass matbedeelegt un der Funktioun vun den Reproduktiounsorganer vu béide Geschlechter. Flexbox ënnen: Eng zäitgläich Einnahm vu Vitamin D, Kalzium, Koffer oder Eisen hënnert d'Opnam vun Zénk an d'Zellen. Hëllefräich fir d'Absorptioun, also d'Opnam an d'Zell, sinn d'Keime vu Getreide oder d'Kombinatioun mat Sprossen/Mikrogrénks. Doduerch gëtt d'Konzentratioun vun der Phytinsäure gesenkt, déi soss hënnerend op d'Opnam vun Zénk wierkt. Zénk gëtt ausserdeem besser vum Kierper opgeholl, wann et a Kombinatioun mat Proteine geholl gëtt. Hei mécht d'Natur et eis mat de Sprosse widdert emol liicht, well och hei kommen Zénk a planzlech Proteine gemeinsam vir. Quellen: „Vegan Klischee ade – Das Kochbuch“ Niko Rittenau, Sebastian Copien, 2020 „Bio-logische Präparate für die Diagnose und Therapie in der AK-Praxis“ Wolfgang Gerz, 2002