Immun-Stark
E staarkt Immunsystem ass d'Basis vun der Gesondheet. Dëst gëtt, aus physiologescher Siicht, zum groussen Deel duerch d'Kraaft vun Antioxidantien oprecht erhalen. Leschtgenannt Antioxidantien a fräi Radikaler sinn domat Géigespiller.
Antioxidantien
Antioxidantie si kuerz gesot Fänker vu fräie Radikaler an Fudder fir eist Immunsystem. An alle Formen a Faarwen hëllefen se eiser eegener Kierperofwier, optimal kënnen ze schaffen. A Sprossen, virun allem a Kräizbléierer, fanne mir rieseg Quantitéite vun einfach verfügbaren Antioxidantie fir de Kierper.
Fräi Radikaler
Fräi Radikaler sinn d'Géigespiller vun den Antioxidantien. Si si reaktiounsfreedeg, aggressiv Sauerstoffmoleküllen, déi deeglech an eisem Kierper entstinn. Soubal d'fräi Radikale mat enger Kierperzell a Verbindung kommen, gëtt dës beschiedegt an funktionsonfäeg. Mir däerfen also och hei, wéi a ville Beräicher vum Liewen, op eng Gläichgewiicht oppassen.
Andeelung vun den Antioxidantien
Antioxidantie kënnen an 5 Gruppen ënnerdeelt ginn:
- Mineralstoffer
- Vitaminer
- Spuerelementer
- Sekundär Planzestoffer
- Enzymer
Wierkung vun Antioxidantien:
Antioxidantie wierken
- staark entzündungshemmend (Entzündunge spillen bei bal all Erkrankungen eng Roll)
- zellschützend
- immunsystemstäerkend
- anti-oxidativ (vermënneren zellschiedegend oxidativen Stress. Dësen entsteet als Folleg vum Wierke vu fräie Radikalen.)
Fir en Immunsystem, dat viru Kraaft strotzt, ass et onbedéngt néideg, eisem Kierper déi richteg Rohstoffer zur Verfügung ze stellen. Mat de Sprossen hu mir do eng super einfach, wäertvoll an nohalteg Léisung bei der Hand. Loosst eis op dës lecker Aart a Weis deeglech den Immunsystem ënnerstëtzen an esou ganz einfach eis Ernierung op en neien, liewegen Niveau hiewen.
A Form vu Sprossen a Keimlinge mécht de Kierper et sech ganz einfach, déi wichteg Antioxidantien opzehuelen. Grond dofir ass, datt all d'Vitaminer, Mineralstoffer, Spuerelementer, sekundär Planzestoffer an Enzymer an natierlech gebonnener Form an a Kombinatioun mat Ballaststoffer (onverdaulech Fasere vun der Planz) an de Sprosse virkommen. Dat ass hir ursprénglechst, natierlechst Form an domat fir de Kierper liicht ze „erkennen“.
D'Zelle kënnen déi gesond Antioxidantie direkt notzen an hunn ausserdeem duerch den héijen Undeel vun Enzymer Hëllef bei der Verdauung. De Kierper brauch also wéineg Verdauungs-Energie opzewenden, fir d'Inhaltsstoffer vun de Sprossen notzbar ze maachen, well se quasi schonn virverdaut giess ginn. Domat bleift eis méi Energie zum Denken, Sportelen oder kreativ Sinn. Probéiert et selwer aus
Är Theresa Berles
Team naturwerker
#thewaywegrow