Direkt bei den Inhalt

Vitalitéit

Vill Leit wënschen sech hautdesdaags méi Vitalitéit am Liewen. Dat ass méiglech, ouni Fro. Ernaierung a Beweegung sinn dobäi d'Schlësselwierder. Primär geet et net dorëms, wéi eng „Pill“ oder Nahrungsergänzungsmëttel mir schlécke sollten, fir eis endlech besser ze fillen. Villméi ass dacks de Schlëssel zum Erfolleg dat ewechloosse vu Liewensmëttel, déi eisem Kierper onnéideg Energie entzéien.

3 Tipps fir e vitalt Liewen

  1. Iessen Dir sou naturbelooss wéi méiglech. Je manner gekacht a veraarbecht e Liewensmëttel gëtt, ëmsou méi Liewensenergie bleift erhalen. Dat kann een spieren!
  1. Iessen Dir lieweg Liewensmëttel, well dës sinn e richtege Boost fir Är Liewensenergie! Dozou zielen virun allem Sprossen a Keimlen, well se nach wärend mir se iessen am Wuesstum sinn. Sozesoe an der kräftegster Startphas vum Liewen voller gebëndelte Nährstoffer.
  1. Iessen Dir vollwäerteg Liewensmëttel. Am beschte genee sou, wéi se an der Natur gewuess sinn. Dat heescht Bio-Uebst mat Schuel, Vollkorn amplaz Auszuchsmihlprodukter a ganz Sprossen amplaz Pulver. Sou ass séchergestallt, datt Dir all Nährstoffer an optimalem Verhältnes zu Iech hëlt, agebonnen an de Ballaststoffer vun der jeeweileger Planz. Dat kann Äre Kierper am beschte veraarbechten.

Vitalitéits-Räiber ewechloossen

Et sinn déi üblech Verdächteg. Raffinéierten Zocker, Wäissmihlprodukter (Gluten), ze vill säurebildend Fleesch a Kaffi. Obwuel e groussen Deel vun der Gesellschaft dat schonn weess, ass d'Wo tëscht dëse Räiber anesäits an Uebst, Geméis a Sprossen anersäits, dacks nach net ausgeglach. Optimalerweis sollt d'Säit mat de frëschen, wéineg veraarbechte Liewensmëttel däitlech iwwerweien. D'Sprosse maachen et eis dobäi liicht. Et kann een se zu all Geriicht einfach derbäiginn oder och zwëschendran ganz einfach snacken, wann den Honger kleng ass. Mäi Lieblings-Snack Sprossen sinn iwwregens Sonneblummensprossen. Hmmmm, esou lecker a richteg grouss sinn se dat perfekt Finger- respektiv Nervenfood!

Mikronährstoffer sinn de Schlëssel

Nëmmen wann mir eisem Kierper och de fir hien perfekte „Dreifstoff“ liwweren, kënnen d'Zellen optimal fir eis schaffen. Mëttlerweil weess een, datt et fir Gesondheet a Vitalitéit nieft de Makronährstoffer (Kuelenhydrater, Fetter, Proteinnen), nach vill méi op d'Mikronährstoffer (Spuerelementer, Vitaminnen, Mineralstoffer) ukënnt. A genee do sinn Sprossen eisen Helfer! D'Mikronährstoffer maachen zwar nëmmen en direkten prozentualen Undeel vun der Narung aus, awer selwer dësen gëtt dacks net duergehend gedeckt. Circa 70% vun alle Leit vun de westlechen Industrienatioune kommen net op den empfohlene Dagesbedarf un Mikronährstoffer. Well Keimlen a Sprossen esou potenzéiert Nährstoffer enthalen, reecht et also aus, schonn klenger Quantitéiten dovun zu all Molzecht derbäizeginn, an trotzdeem d'Gesondheet ganz staark ze fërderen! Groussen Effekt mat klengem Opwand.

Mangelerscheinungen

E Mangel u Mikronährstoffer mécht sech meeschtens nëmme schleichend bemierkbar. Dozou zielen Symptomer wéi Middegkeet, Hautonreinheeten bis zur Akne, Undriwwelosegkeet, Konzentratiounsschwächt an Infektufällegkeet.

Zu de Mikronährstoffer zielen

  • Vitaminnen
  • Sekundär Planzestoffen
  • Aminosaieren
  • Mineralstoffer:
  1. Mengenelementer (Calcium, Magnesium, Kalium, Natrium, …)
  2. Spuerelementer (Eisen, Jod, Koffer, Selen, Zénk, …)

Heisshonger adé mat Sprossen

All Biss zielt – fir Är Gesondheet a Vitalitéit. Dat muss net ëmmer dat gesondste Superfood vun der Welt sinn, heiansdo deet et der Séilegesondheet och gutt, mol eppes Ongesondes ze naschen. Wann Dir esou en Dag hutt, kombinéiert dach einfach eng Hand voll Sprossen zu Ärem Geriicht (geet och a séiss). Sou bleift Dir an Ärer Mëtt an Äre Kierper kritt trotzdeem genuch Nährstoffer. Ären Heisshonger gëtt däitlech méi mëll ausfalen, wéi ouni d'Portioun Sprossen. Wann de Kierper d'Inhaltsstoffer kritt, no deenen hien sech wierklech seent, ass hien och méi séier zefridden an den Heisshonger zitt vu dannen. Sou fänkt bewosst, freedegt Genéissen un.

Back to top