Sport
Sportler hunn en erhéichte Bedarf un Mikro- a Makronährstoffer, souwéi u Spuerelementer. Somen (Sprossen) kënnen hëllefen, dëse Bedarf ganz einfach a nach dozou lecker auszegläichen.
Virun allem d'opbauend Kraaft an déi onverwiesselbar Liewegkeet vun de Somen gëtt vu Sportler ganz héich geschat. Klor, well wa mir eise Kierper zu Héichleeschtunge usporen, kommen mir méi séier un eis Grenzen. Sou kënne mir och méi séier a méi däitlech spieren, wat dem Kierper Kraaft gëtt - an Aktioun an bei der Regeneratioun.
D'Liewegkeet spillt dobäi eng zentral Roll! D'Zellen ginn net nëmme mat der Dicht un Nährstoffer aus de Somë bestens versuergt. Si ginn och mat "iessbarem" Liicht aus de Biophotonen an dem Chlorophyll vun de Somë duerchflutt. Sou kënnen d'Oflaf-Prozesser op Zellebene däitlech besser funktionéieren. Mir spieren dat an der verstäerkter Leeschtungsfäegkeet beim Sport an an der verkierzter Regeneratiounszäit. Sou stoe mir méi séier a méi fit erëm frësch um Terrain!
Gutt ze wëssen: Beim Sport entstinn nieft neier Muskelmass och schiedlech fräi Radikaler, déi fräi ginn an duerno direkt "ausgemëscht" sollte ginn. Am beschte geet dat mat Antioxidantien, den "Fänker" vun de fräie Radikaler. Eng Mass vun dësen effektiven klenge Helfer fanne sech virun allem a Kräizbléierer, wéi Rettich, Radieschen a Grünkohl.
Je nodeem wéi eng Sportaart Dir mat wat fir engem Zil verfollegt, sollt Dir och d'Somenzorte variéieren. Mir recommandéieren Iech, reegelméisseg Är Wäerter bezüglich de kriteschen Nährstoffer am Blutt testen ze loossen. Besprécht d'Resultater mat Ärer Doktesch oder Ärem Ernärungsberoder.
Kritesch Nährstoffer, op déi Dir als Sportler oppasse sollt:
- Eisen (Sauerstoffversuergung)
- Magnesium (Energiestoffwiessel, Proteinsynthese, Regeneratioun)
- Aminosaieren/ Proteinen (Muskelopbau, Grondsubstanz)
- Omega-3 Fettsaieren
- Vitamine B an D (Nervensystem, Muskelopbau)
- Zénk (Immunsystem)
- Jod, Selen (Schëlddrüs, Immunsystem, Hormonsystem)
Hei eis Auswiel u empfehlenswerte Somë fir Sportler:
- all Huesenfriecht (Kicherierbsen, Mungbounen, Lënsen, Adzukibounen -> besonnesch fir Séisswuer-Liebhaber a Form vu gesonde Brownies gëeegent)
- Buchweess (12% Protein, glutenfräi)
- Bockshornklee (30% pflanzlech Proteinen)
- Sonneblumm
- Federkohl
Wa mir eise Kierper zu Héichleeschtunge usporen, kommen mir méi séier un eis Grenzen. Sou kënne mir och méi séier a méi däitlech spieren, wat dem Kierper Kraaft gëtt - an Aktioun an bei der Regeneratioun.
D'Liewegkeet spillt dobäi eng zentral Roll! D'Zellen ginn net nëmme mat der Dicht un Nährstoffer aus de Somë bestens versuergt. Si ginn och mat "iessbarem" Liicht aus de Biophotonen an dem Chlorophyll vun de Somë duerchflutt. Sou kënnen d'Oflaf-Prozesser op Zellebene däitlech besser funktionéieren. Mir spieren dat an der verstäerkter Leeschtungsfäegkeet beim Sport an an der verkierzter Regeneratiounszäit. Sou stoe mir méi séier a méi fit erëm frësch um Terrain!
Je nodeem wéi eng Sportaart Dir mat wat fir engem Zil verfollegt, sollt Dir och d'Somenzorte variéieren. Mir recommandéieren Iech, reegelméisseg Är Wäerter bezüglich de wichtege (kriteschen) Nährstoffer am Blutt testen ze loossen. Besprécht d'Resultater mat Ärer Doktesch oder Ärem Ernärungsberoder.
Wichteg Nährstoffer, op déi Dir als Sportler oppasse sollt:
- Eisen (Sauerstoffversuergung)
- Magnesium (Energiestoffwiessel, Proteinsynthese, Regeneratioun)
- Aminosaieren/ Proteinen (Muskelopbau, Grondsubstanz)
- Omega-3 Fettsaieren
- Vitamine B an D (Nervensystem, Muskelopbau)
- Zénk (Immunsystem)
- Jod, Selen (Schëlddrüs, Immunsystem, Hormonsystem)
Hei eis Auswiel u empfehlenswerte Somë
- all Huesenfriecht (Kicherierbsen, Mungbounen, Lënsen)
- Buchweess (glutenfräi, einfach nutzbar Kuelenhydrater)
- Bockshornklee (30% pflanzlech Proteinen)
- Sonneblumm (Chlorophyll, räich un Mineralstoffer a Spuerelementer)
- Federkohl (Antioxidantien, Chlorophyll, Magnesium, Kalium)
vun Theresa Berles
Team naturwerker
Quellen: