Detox & Entgëftung
Entgëftung, och Detox genannt, ass hautdesdaags e wichtegt Thema. Ni virdrun an der Geschicht ass de Mënsch deeglech mat sou vill Schuedstoffer a Kontakt komm wéi momentan. Dofir ass et ubruecht, eise Kierper mat enger reegelméisseger, sanfter Entgëftung gesond ze erhalen.
Einfach entgëften mat Sprossen: 3 Tipps
Hei fannt Dir eis 3 Basis-Tipps, déi super einfach ëmzesetzen sinn, dobäi nach gutt schmaachen an e groussen Ënnerscheed bei Ärem Wuelbefannen ausmaache kënnen.
- Opgepasst drop, dass Dir méiglechst Liewensmëttel a Bio-Qualitéit iesst (manner Schuedstoffbelaaschtung). Eis Sprossesame sinn all Bio zertifizéiert.
- Iesst méiglechst basisch. Basesch Liewensmëttel kann Ären Organismus méi liicht verstoffwiesselen. Mat saure Liewensmëttel (virun allem Fleesch, Kéi-Mëllechprodukter, Zocker, Gluten) muss Äre Kierper vill Extraaarbecht leeschte fir erëm an d’Gläichgewiicht ze kommen. Dat brauch Kraaft, mécht midd a fërdert Entzündungen, den Nährbuedem fir Krankheeten. All Sprossen wierken basisch, e puer Basis-Spëtzerreiter fannt Dir hei.
- Iesst lieweg, méiglechst wéineg veraarbecht Liewensmëttel. Et geet ëm d’Energie an d’Frëschheet vun Ärer Nahrung. Wëllt Dir viru Liewensfreed just sou stralen? Dann gëff dengen Zellen genee dës Liichtenergie a Form vu Chlorophyll aus opbauende Sprossen a frëschem grénge Blatgeméis! Den Ënnerscheed vun „doudegen“ Nahrungsmëttel a Fast Food oder verkaachtem Iessen zu frësche, liewege Sprossen a Mikrogéng op deng Ausstralung an Liewegkeet ass enorm. Probéiert et elo aus!
D'Zauberformel
Reegelméisseg sanft Äre Kierper beim Entgëfte z’ënnerstëtzen ass super einfach. Mat Sprossen ass dat souguer nach super lecker.
Wann Dir….
…. déi gëllenen 3 Tipps vun uewen (biologesch, basesch an absolut frësch iessen) mat….
…. WAS (biologesch, lieweg Nahrung), WIE (méiglechst réi,...) a WANN an e fir Iech passend Gläichgewiicht bréngt, hutt Dir ganz gutt Aussichten op méi Wuelbefannen, Äert Dreumgewiicht z’erreechen / ze halen an e Méi u Liewensfreed ze genéissen.
All dat mat der Hëllef vun der Liewenskraaft vun de Sprossen an dem reegelméissegen, sanften Detox-Effekt.
Gläichgewiicht am Alldag schafen
Mir sinn der Meenung, dass et der Majoritéit vun de Leit gutt deet, net ze séier ze vill ze entgëften (wéi bei enger radikaler Kur), mee am Alldag schonn op d’Gläichgewiicht tëscht Schuedstoffopnam an Entgëftung ze kucken. Sou kënnt Dir och eng eventuell Kur däitlech besser verdroen.
Bal „automatesch“ huele mir mat eisem modernen Liewensstil deeglech Schuedstoffer op. Dës geléngen iwwer verschmotzt Loft, Ofgasen, beschichtete Verpakungsmaterialien, Kosmetika oder konventionell ugebaut Liewensmëttel an eise Kierper. Dofir recommandéiere mir, op eng sanft Entgëftung am deegleche Liewen uecht ze ginn. Sou sammele sech keng grouss „Drecksdeponien“ am Kierper un, mee et kënnt, bildlech gesprach, deeglech d’Drecksfuere laanscht. Doduerch sammele sech manner gëfteg Stoffer un a mir sinn insgesamt méi gesond, virun allem op laang Siicht.
Bei dëser sanfter Detox-Method setzen mir op natierlech Hëllefsmëttel aus der Apdikt vun der Natur. Sprossen a Keimlinge stinn do ganz uewen op der Lëscht. Duerch den deegleche Verzehr vu Sprossen ginn d’Haaptentgëftungsorganer wéi Liewer, Haut an Darm aktivéiert. D’Sprossen bréngen Iech domat net nëmmen e Plus u Liewegkeet an d’Zellen, mee hëllefen och beim Saubermachen. Sou stinn d’Chancen gutt, laang gesond a fit bis an den héijen Alter ze bleiwen.
Fastekuren
Fastekure sinn eng vun de beléiftste Methode fir ze entschlacken. Dir kënnt dobäi vu liichte basische Fastekuren doheem bis hin zum Nullfasten mat grénge Jusen an Kurklinicke vill Variatioune kennen léieren. All Method huet hir Virdeeler an passend Zielgrupp. Wéi eng Method am beschten zu Iech passt, kënnt Dir mat engem erfuere Fastebegleeder, Dokter oder Heelpraktiker bespriechen. Definitiv sinn Sprossen a Form vu Saloten, Smoothies oder als Zousaz an Jusen e geniale Fastebegleeder. Well se sou konzentréiert Nährstoffer op wéineg Gramm Nahrung enthalen, bleift de Mo relativ eidel (dacks en Zil beim Fasten) an trotzdeem gëtt de Kierper op natierleche Wee mat wichtege Mineralien a Spuerelementer versuergt. Domat ëmgitt Dir en Energiedéif an d’dacks optriedend Middegkeet wärend enger Fasteperiod.
Gläift Dir net? Testen Dir et selwer!
Gläift eis näischt, ouni Iech net selwer direkt vun der Kraaft vun de Sprossen iwwerzeegt ze hunn! Maacht elo den Test! Leet Iech e puer Biosprosser Keimgléiser an biologesch Sprossesame zou a Sprosst lass.
Sollt Dir net vollends iwwerzeegt sinn, freeë mir eis iwwer e Feedback an Dir kritt ëmgehend 110% vum Akafspräis vun eis zréckerstatt.
Méi einfach geet ganzheetlecht Entschlacken net. Nohalteg fir Är Gesondheet an d’Natur.
Start elo an Äert aktiivt, stralend Liewen. Dir sidd et wäert.
Vun Theresa Berles, Team naturwerker
Heelpraktikerin fir Psychotherapie, ausgebilt an Naturheelkunde
