Direkt bei den Inhalt

Frauengesondheet

Frauengesondheet

Mir Frae si wonnerbar, zyklesch Wiesen, déi, genee wéi Männer op hir Aart a Weis, op hir individuell Gesondheet a wichteg Nährstofferuecht gi sollten. Sou bleiwe mir an eiser Kraaft, fille eis wuel an ausgeglach a kënnen optimal fir eis an anerer do sinn.

3 Tipps fir stabil Fraepower:

  1. Iess frësch, faarweg Liewensmëttel.
  2. Genéisst dës sou réi a wéineg veraarbecht wéi méiglech.
  3. Vertraut bei der Auswiel vun de Liewensmëttel op Är Intuition.

Hormonell Achterbunn

Eent vun dëse grousse Wonner ass a mengen Ae déi ausgeklügelten hormonell Reguléierung vum weibleche Kierper. Déi eenzeg Konstante sinn hei Verännerung a Widderhuelung.

Fir am Aklang mat dësem wiesselnden Rhythmus vum Liewen eisen Alldag positiv ze meeschteren, ass et hëllefräich, gutt op eis selwer als Fra uecht ze ginn.

Zwee Haaptaspekter fir feminin Stäerkt

D'Ernierung spillt eng rieseg Roll, fir genee dat z'erreechen. E equilibréierte Liewensstil voller Freed a femininer Stäerkt liewen ze kënnen, ass dem vill Fraen hire Wonsch.

Nieft der Ernierung spillen natierlech weider Theme eng wichteg Roll. D'Gesondheet huet nämlech op d'mannst zwee Haaptaspekter: de kierperlechen an de mentale Aspekt. Zwou Säite vun enger Medail, déi sech stänneg géigesäiteg bedéngen. Op béide Säite kënnen eis Sprëtzlinge hëllefen, an d'Gläichgewiicht ze kommen an am Flow ze bleiwen.

Glécklech duerch Entscheedung

Dat ass eng Freedebotschaft! Är mental Verfassung beaflosst Äert kierperlecht Empfannen an Är kierperlech Verfassung huet Afloss op Äert mental Empfannen. Genial! Domat hutt Dir vill Spillméiglechkeeten a kënnt vu béide Säiten un ufänken, Äert Liewen all Dag e Stéck méi glécklech ze gestalten. Sprëtzlinge hëllefen eis, iwwer d'kierperlech Eben Vitalitéit, Uerdnungskraaft an Energie an eise System ze bréngen. Dat spigelt sech dann och an eiser psychescher Verfassung an eiser Gléckselzegkeet erëm.

Zykleschen Dänz

Als Fraen danze mir zyklesch duerch d'Liewen. Virun allem wärend de Jore vun der monatlecher Period gëtt dat spierbar. An dëse Phasen erliewen vill Frae Geméitsschwankungen a periodesch Schmäerzen oder spéider Hëtzewellen an dréche Schleimhäuter an de Wiesseljoren. Mä dat muss net esou bleiwen! Wann Dir Iech vu frëschen, liewegen Liewensmëttel mat der Hëllef vu Sprëtzlinge erniert, kënnt Dir eng Villzuel vun dëse Symptomer ëmginn.

Mat Phytoöstrogenen d'Wiesseljore gär hunn

Matverantwortlech fir dës onangeneem Symptomer an de Wiesseljore ass en sinkende Östrogenspigel. Deen kann verhëngerend Konsequenze mat sech bréngen, wéi eng erhéicht Warscheinlechkeet, un Osteoporos oder och Depressiounen ze erkranken.

Mat Phytoöstrogenen (sekundär Planzestoffer mat Östrogen-änlecher Wierkung) kënnt Dir dëse Beschwerden effektiv entgéintwierken. A Sprëtzlingen, virun allem an Routkléi, Mungbounen, Bockshornkléi, Kicherierzen an Lënsen, si Phytoöstrogene virhanden.

Dat heescht kuerz gesot, datt Liewensmëttel, déi räich u Phytoöstrogene sinn, Ären Hormonhaushalt positiv beaflossen a Wiesseljorebeschwerden lindere kënnen.

Wichteg Nährstoffer fir d'Fraegesondheet (och „kritescher Nährstoffer“ genannt):

  • Magnesium
  • Eisen
  • Selen
  • Phytoöstrogene / Isoflavonen
  • Folsaier
  • Calcium
  • Zénk
  • Omega-3-Fettsoieren
  • Vitaminne vun de Gruppen C, B, K (virun allem K2), D (virun allem D3)
  • Ausserdeem empfehlenswert als Nahrungsergänzungsmëttel: Vitamin D3 (Sonnenhormon), Vitamin K2, héichwäertegt Jod

Uecht och op Är Liewer. D'Liewer gëllt als „Hormonofbauorgan“ (W. Gerz, 2002) a spillt domat eng zentral Roll fir eng optimal Hormonreguléierung.

Den Daarm ass fir d'Gesondheet vun der Fra och wichteg, well hei entscheet d'Milieu! Vill Frae spiere eng Verännerung vum Daarmmilieu guer net primär am Daarm, mee an der Scheid. Vaginal Entzündungen, Pilzbefall oder Juckreiz léiere déi meescht Fraen an hirem Liewen op d'mannst eemol kennen. Fir deem virzebeugen, befollegt eng daarmfrëndlech Ernierung, well d'Daarmflora an d'Scheideflora stinn an enker Verbindung. En optimalt Scheidemilieu suergt dofir, datt Pilzen, Viren a Bakterie keng Chance hunn.

Tipp: Méi zum Thema fannt Dir bei Prof. Dr. Ingrid Gerhard, Fachdokter fir Fraeheelkunde, Gebuertshëllef, Naturheelkunde an Ëmweltmedizin (www.netzwerk-frauengesundheit.com). Ganz lieswäert!

Text vun Theresa Berles

Back to top