Direkt bei den Inhalt

Gesondheet ass eng Wiel. Krankheet och.

„Keng Krankheet kann an engem basesche Milieu/Kierper existéieren – net emol Kriibs!“,

sot den Dr. Otto Warburg (Nobelpräisdréier fir d'Erkenntnesser an der Kriibsfuerschung)

Ech fannen, dëse Video weist ganz schéin op, wéi perfekt eise Kierper fonctionnéiert a wéi hien eis permanent dobäi ënnerstëtzt, gesond ze bleiwen!

oder wéi den Dr. Antoine Bechamp erausfonnt huet:

"D'Mikrob (d'Bakterie, de Keim) ass näischt, d'Milieu ass alles!

Wien schonn selwer Sauerkraut gemaach huet, dee kann dëst bestätegen. Leckert, mëllechsaiervergärt Sauerkraut geléngt nëmmen ënner absolutem Sauerstoffausschluss.

Duerch d'Verdichte vum Wäisskohl am Aemaachtopp schaaft een e sauerstoffaarmt Milieu fir déi gutt Mëllechsaierbakterien. All aner Bakterien hu ënner dësen Ëmstänn guer keng Chance, sech z'entwéckelen.

D'Milieu hënnert also déi onerwënscht Bakterien drun, sech ze vermäeren.

Geméiss dem Dr. Antoine Bechamp ass et och bei eisem Kierper esou. E risege Koup u gesonde Bakterien lieft an enger Symbios, déi eis ënnerstëtzt. Et kënnt op dat richtegt Milieu un, fir datt déi gutt Bakterien bei eis wunnen.

Wien d'Milieu beaflosse kann, deen kann bewosst tëscht Krankheet a Gesondheet wielen.

Dës Aussoe bréngen mech an d'Eegenverantwortung a ginn mir Mutt an Vertrauen, mäin eegene Glécks-Schmadd ze sinn.

An dat Gutt dovu ass, datt jiddereen d'Milieu a sengem Kierper zu all Ament selwer beaflosse kann.

Mir ass kloer, datt e gesond Milieu net nëmmen duerch eis deeglech Ernierung beaflosst gëtt.

Stressreduktioun, genuch Schlof, gesond Bezéiungen a soziale Kontakt a Beweegung, fir der nëmmen e puer ze nennen, ënnerstëtzen genee esou eist Milieu an eis Gesondheet.

Mä éierlech gesot, sinn e puer Punkte dovu wierklech Knacknëss fir mech. Also setzen ech einfach d'Saachen ëm, déi mir liicht falen, an üben mech an den Erausfuerderungen, all Dag méi gutt ze ginn.

Ech fannen, eng gesond Ernierung ass eppes vum Einfachsten, wat ech fir mech a meng Gesondheet maache kann.

Sou fält et mir liicht, bei der Auswiel vu menge Liewensmëttel eng gesond Wiel ze treffen.

Ebenfalls ass et esou einfach, mir all Dag frësch, opbauend Sprossen op den Teller ze zauberen. Zousätzlech méiglechst vollwäerteg a baseüberschësseg ze iessen. Sou gëtt mäi Kierper basescher a "versäuert" net. Ech hu mir ugewinnt, d'Liewensmëttel, déi gutt och réi giess kënne ginn, a senger onverännerter & natierlecher Form ze iessen. Sou bleiwe vill Inhaltsstoffer erhalen.

Kleng Erënnerung:

"Et gi keng Krankheeten ierft, mä Schwachstellen."

An ech sinn iwwerzeegt dovun, datt d'Sprossen eis dobäi hëllefen, gesond ze bleiwen.

"Nëmme Liewen erzeug Liewen!"

Ech wënschen mir, datt dëse Video & Zeilen dir och Mutt an Vertrauen ginn.

Alles Léift

Marco

Back to top