Männergesondheet
Männergesondheet ass e ganz wichtegt, wann och net dacks besprachlecht Thema. Aktuell Studien weisen, dass d'Ernierung vu Männer oft net ofwiesslungsräich genuch ass an sech domat bei ca. 50% vun allen Männer Nährstoffmängelen manifestéieren.
Drastesch Ofnam vun der Spermequalitéit
Eng gravéierend Folleg dovu ass ë.a. déi drastesch ofhuelend Spermequalitéit vun der jonker Generatioun Mann. Fuerscher hu festgestallt, dass souwuel d'Zuel, wéi och d'Qualitéit vun de Spermen däitlech ofgeholl hunn. Dëst ass wuel ee vun de Grënn dofir, wisou et haut esou vill Koppele mat onerfëlltem Kannerwonsch gëtt, wéi nach ni virdrun.
Natierlech ass dat net den eenzege Grond an et sollt vu Koppel zu Koppel genee gekuckt ginn, wéi eng Hindernisser virleien, wann et ëm en onerfëllte Kannerwonsch oder Onfruchtbarkeet geet. Trotzdeem sinn d'Resultater, déi mëttlerweil méifach vu verschiddene Fuerscherteame op änlech Aart a Weis confirméiert goufen, e Wegweiser.
Showtime fir d'Libido
Testosteron, dat männlecht Sexualhormon, ass verantwortlech fir Leeschtungsfäegkeet, Potenz an Libido. D'Konzentratioun vun dësem Hormon am Blutt vu jonken erwuessene Männer ass Ënnersichungen no an de leschte Joren och dramatesch gefall. De Mangel un Testosteron ass spierbar duerch verstäerkte Middegkeet, sinkend Leeschtungsfäegkeet, Konzentratiounsmangel, Erektiounsstéierungen a reduzéiert sexuell Loscht (Libido).
Sprossen iessen fir d'Männlechkeet
Nieft de grousse Aflossfaktoren Stress an Elektrosmog, déi d'Männergesondheet inklusiv dem Testosteronspigel negativ beaflosse kënnen, gëtt et och de Beräich vun der Ernierung. Déi positiv Noriicht hei ass: Dës kënnt Dir bewosst méifach deeglech positiv beaflossen!
Elo kommen d' Sprossen an d'Spill. Si bidden eng an der Natur eemoleg Villfalt u potenzéierten Nährstoffer a si super einfach zu all (!) Geriicht ze kombinéieren. Et ass wierklech esou simpel: Mëscht einfach eng Hand voll Sprossen ënner all Haaptmoolzecht oder snackt Sprossen pur als Zwëschemoolzecht. Schon hutt Dir Är Ernierung ouni Opwand op en komplett neien Niveau gehuewen.
Är optimal Versuergung
Iesst faarweg a variéiert regelméisseg bei der Auswiel vun Äre Sprossenzorten, fir all wichteg (Mikro-)Nährstoffer ofzedecken. Op follgend Vertrieder sollt Dir dobäi besonnesche Wäert leeën:
- Zénk (fir en optimal gedeckte Testosteronspigel, hëllefräich fir d'Spermebildung, DNA-Synthees an domat Weiderginn vun Ierfinformatioun, gesond Immunsystem)
- Vitamin D an E (schütze Zellen viru oxidativem Stress, hëllefräich fir eng gesond Prostata)
- Selen (Spermebildung, Immunsystemstäerkung)
- Magnesium (Energiestoffwiessel, Muskelfunktioun, therapeutesch bei Middegkeet an Energiellosegkeet)
Tipp #1: Iwwergewiicht an Adipositas ass bei Männer méi heefeg vertrueden wéi bei Fraen. Wéi eng Sprossen Iech bei der Gewiichtsofnam hëllefe kënnen, erfuert Dir hei.
Tipp #2: Solle sech akut Nährstoffmängelen bei Iech weisen (am beschten erkennbar iwwer en Blutt-Test), recommandéiere mir Iech, dës fir d'éischt, ergänzend zu de Sprossen, mat den entspriechenden Nahrungsergänzungsmëttelen ze behandelen. Wann Dir Kontakt zu engem vun eisen ausgebilten Ernierungsberoder/innen wënscht, kontaktéiert eis gären per Mail diesbezüglich.
Strotzend Gesondheet mat Hëllef vu Sprossen
Elo kommen d'Sprossen an d'Spill. Si bidden eng an der Natur eemoleg Villfalt u potenzéierten Nährstoffer a si super einfach zu all Geriicht ze kombinéieren. Et ass wierklech esou simpel: Mëscht einfach eng Hand voll Sprossen ënner all Haaptmoolzecht oder snackt Sprossen pur als Zwëschemoolzecht. Schon hutt Dir Är Ernierung ouni Opwand op en komplett neien Niveau gehuewen.
Sprossen bidden eng an der Natur eemoleg Villfalt u potenzéierten Nährstoffer a si super einfach zu all Geriicht ze kombinéieren. Et ass wierklech esou simpel: Mëscht einfach eng Hand voll Sprossen ënner all Haaptmoolzecht oder snackt Sprossen pur als Zwëschemoolzecht. Är Gesondheet wäert et Iech danken.
Hëllefräich Inhaltsstoffer
Iesst faarweg a variéiert regelméisseg bei der Auswiel vun Äre Sprossenzorten, fir all wichteg (Mikro-)Nährstoffer ofzedecken. Op follgend sollt Dir dobäi besonnesche Wäert leeën:
- Zénk (fir en optimal gedeckte Testosteronspigel, hëllefräich fir d'Spermebildung, DNA-Synthees an domat Weiderginn vun Ierfinformatioun, gesond Immunsystem)
- Vitamin D an E (schütze Zellen viru oxidativem Stress, hëllefräich fir eng gesond Prostata)
- Selen (Spermebildung, Immunsystemstäerkung)
- Magnesium (Energiestoffwiessel, Muskelfunktioun, therapeutesch bei Middegkeet an Energiellosegkeet)
- Ballaststoffer (Faserschter vun de Planzen)
Gesond Prostata
De Risiko fir eng heefeg optriedend Prostatahyperplasie (Vergréisserung vun der Prostata) kann duerch d'Ernierung gesenkt ginn. Hei spillen virun allem Ballaststoffer, sekundär Planzestoffen a Phytoöstrogene (jeweils Link op dës Themen afügen) an héichwäerteg, nativ Planzenuele eng grouss Roll. Duerch dat deeglecht Iessen vu Sprossen a Keimlinge kënnen d'Komponente Ballaststoffer a Phytoöstrogene liicht opgeholl ginn. Kombinéiert mat z.B. nativem Bio-Olivenueleg maacht Dir Iech an Ärer Gesondheet e grousse Gonschten.
vun Theresa Berles
Team naturwerker